Äddi, Joe!

Mä wat ass mam Fern?

Et ass offiziell: De Joe Thein, zanter 2011 Gemengerot zu Péiteng, ass net méi Member an der ADR. Fir et ganz kuerz ze resuméieren: Géint hie gouf, nodeems hien en zweiwelhafte Kommentar mat engem „Like“ markéiert huet, an deem dem Jean Asselborn en Assassinat gewënscht gouf, e parteiinterne Prozess ageleet, fir hien ze disziplinéieren. Den Nationalkomitee vun der ADR huet dobäi beschloss, hien aus der Partei auszeschléissen, wéinst parteischiedegendem Verhalen – woubäi betount gouf, datt dës net déi éischte Kéier gewiescht wier.

Datt et ausgerechent de Joe Thein trëfft, huet e Grond: Hien ass en einfacht Affer, e Kollateralschued fir sech vun „extremen“ Tendenzen innerhalb vun der Partei distanzéieren ze kënnen, ouni dobäi grouss Konsequenzen ze zéien. Do gëtt een da léiwer en eenzele Gemengerot lass ewéi dräi Chambersdeputéierter oder ewéi de ganze Wahlprogramm ëmschreiwen ze mussen.

Reaktionär Deputéierter: Auslänner-, fraen- an LGBTQ-feindlech

Och der ADR hir Chambersdeputéiert sinn nämlech net ouni hir „Extremer“ a genee sou wéineg hire Wahlprogramm vun 2013. Besonnesch de Fernand Kartheiser ass an deem Zesummenhang schonn oft ernimmt ginn. En iwwerzeegte kathoulesche Fundamentalist (deen trotzdem a Scheedung an an enger net-ehelecher Bezéiung lieft), wiert hie sech mat enger Vehemenz dogéint, datt gläichgeschlechtlech Koppelen déi nämmlecht Rechter kréie sollen ewéi heterosexuell Koppelen, déi fern vun all Realitéit ass: Hie prophezeit op sengem Blog den Ënnergang vum „traditionelle Bestietnis“ (dat bei him allem Uschäin no laang virdru schonn ënnergaangen ass) a vun der „Vermaartung“, der „Kommerzialiséierung“ vu Kanner duerch Adoptiounsrechter an (net-kommerziell) Leihmutterschaft. Avortement ass fir hie Mord, an dat ab dem Moment vun der Konzeptioun. Ass dat an den Ae vu gläichgeschlechtleche Koppelen, déi gär déi nämmlecht Rechter hätte wéi all anere Mënsch och oder vu Fraen, déi gären iwwer hire Kierper selwer bestëmme géingen an do net wëlle vun engem verbatterten Ex-Diplomat drageschwat géingen, net och politeschen „Extremismus“, wann een dee Begrëff gebrauche wëll? De Roy Reding ass hei vläicht manner ideologesch gefestegt – argumentéiert awer trotzdem ähnlech wéi säi Parteikolleg.

A guer net ze schwätze vun de sëlleche Kéieren, wou den Här Kartheiser vu „Wirtschaftsflüchtlinge“ an „Asylbedruch“ geschwat huet (wéi e Koup Vertrieder vu Regierungsparteien d’ailleurs och). Hien huet net emol e Problem domat, e schwule Refugié zeréck an Algerien ze schécken – e Land, an deem gelieften Homosexualitéit bestrooft gëtt! Oder vun där parlamentarescher Fro, an där de Fernand Kartheiser vu „Meenungsdiktatur“ schwätzt a sech dobäi op eng sëllech rezent Fäll vun Haassbotschaften an de sozialen Netzwierker bezitt – wou et ganz konkret och ëm Gewaltopriff géint Refugiée goung. Gläichzäiteg weess hie ganz genee, datt „gewéinlech“ rassistesch, fraen- an LGBTQ-feindlech Aussoen (also därer ouni Opruff zur Gewalt oder oppe Leegnung vum Holocaust) net bestrooft ginn; schliisslech ass hie bis elo ëmmer ongestrooft dervukomm.

Oder kucke mer eis d’Unhéierung vum (mëttlerweil an d’ADR agetruedenen) Lucien Welter an der Chamber zu senger Sproochepetitioun un. Hei huet de Gast Gibéryen – den héichgeluefte „soziale Flillek vun der ADR“, deen och ënner Sozialliberale beléifte „leschte Gudde“ vun der ADR – ganz oppe falsch Fakten zu Auslänner zu Lëtzebuerg verbreet. Hien huet behaapt, et kéint jo net sinn, datt iwwer 70% vun der Populatioun Lëtzebuergesch kéinten – vu datt jo scho bal 50% Auslänner wieren. Hien huet domat implizéiert, datt net een eenzegen hei liewenden Auslänner Lëtzebuergesch kéint. Erwisenermoosse falsch. Weider huet hien och ganz ongenéiert gelunn, wéi hien de Leit an der Chamber virgespillt huet, sech iergendwéi ëm d’Héicht vum Mindestloun ze scheren. A Wierklechkeet awer huet d’ADR – Gast Gibéryen inclus – géint eng Motioun vun déi Lénk gestëmmt, déi eng substanziell Erhéijung – an Upassung un déi deier Realitéit – vum Mindestloun virgesinn hätt.

Wisou de Joe wierklech huet misste goen.

Et ass also kloer, datt keng vun de Positioune vum ADR-„Mainstream“ wierklech vill manner „extrem“ oder manner reaktionär dierft sinn ewéi déi vum Joe Thein. Besonnesch däitlech gëtt dat, wéinst wat fir Äusserungen hien net huet misste goen, déi de „Like“ wierklech am Verglach als zimlech lächerlech do stoe loossen.

De Joe Thein wënscht sech eng Kënschtlerin „hannert hir Kachplack“.

De Fall vun där Kënschtlerin interesséiert elo hei net am Detail – dofir ginn ech dorop och elo net weider an. Mä eleng de Fait, datt de Joe Thein mat enger réckwierts geriichter Ausso wéi datt se hannert d’Kachplack géing gehéieren dohier kënnt, weist och seng fraefeindlech Intentiounen dohannert. Do huet komescherweis keen Nationalkomitee sech doriwwer opgereegt. Vläicht läit dat awer och dorun, datt d’ADR an hirem Wahlprogramm vun 2013 relativ konkret Punkte virgesäit, fir Fraen effektiv ze encouragéieren, doheem ze bleiwen, den Haushalt ze féieren a sech an ofhängeg ze gi vum Akommes vun hirem Partner.

Datt hien e grousse Frënd ass vun oppe faschistesche Parteie wéi dem franséische Front National oder der éisträichescher FPÖ, huet och nach ni ee gestéiert. Dat wäert awer och doru leien, datt säi politeschen Zéipapp/Mentor, de Fernand Kartheiser, dat ganz ähnlech gesäit.

Et ass eng Fro vun Image a vu Koalitiounsfäegkeet. D’ADR huet no rezenten Ëmfroen an no Aussoe vun der CSV-Spëtzt eng Méiglechkeet gesinn, sech un der Muecht bedeelegen ze kënnen. Rechneresch wier no verschiddenen Ëmfroen nämlech eng CSV-ADR-Koalitioun méiglech a ganz ausschléisse wëll d’CSV et och net méi – och wa se sech hitt, konkret dovun ze schwätzen an éischter dovu schwätzt, oppe fir all Koalitioun ze sinn, déi dem „Wielerwëllen“ entsprécht.

Esou eng Koalitioun wier awer eben net machbar mat enger CSV, déi sech zwar als Oppositiounspartei ëmmer mol nees gären inhaltlech um Repertoire vun der ADR bedéngt, mä allgemeng éischter als eng Partei vun der „Mëtt“ optriede wëll ewéi eng oppe riets Partei – et sief dann, d’ADR kréich, zumindest no baussen, vermëttelt, datt se rietsnational Elementer an hire Reien net dulde géing. Si muss sech als „moderat Mëtt-Rietspartei“ inszenéieren. A wie bitt sech do besser un ewéi e jonke rietsnationale Gemengerot?

D’ADR ass a bleift trotzdem eng rietsnational an eng geféierlech Partei, och ouni hire Péitenger Gemengerot – mä si wëll och un d’Muecht an hir rietskonservativ, nationalistesch an neoliberal Iddien an d’Praxis ëmsetzen.