Archiv der Kategorie: Ekonomie

De Marx louch richteg – de Robert Goebbels net

Eng Replik op dem Robert Goebbels säin Artikel am Tageblatt-Spezial „100 Joer fräi Gewerkschaften“.

Ënnert dem Titel „Marx lag falsch“ huet den ehemolegen Europadeputéierte vun der LSAP Robert Goebbels an der Tageblatt-Bäilag „100 Joer fräi Gewerkschaften“ vum 19. Oktober en Artikel publizéiert, dee fräilech wéineg ze dinn hat mat der historescher oder der aktueller Bedeitung vu Gewerkschaften. Grad well villes an deem Artikel eng Vereinfachung vu komplexe gesellschaftlechen Zesummenhäng duerstellt a well en aus decidéiert liberaler Siicht geschriwwen ass, muss deem eppes entgéintgesat ginn – och wa meng Replik op seng Behaaptungen leider net esou oft wäert gelies ginn ewéi deen ideologesch verblennten Artikel selwer.

De Kapitalismus als Garant vu „sozialer Mobilitéit“ a vu kollektivem Wuelstand?

A sengen éischte Paragraphe probéiert de Robert Goebbels, dem Marx seng Theorie zum Fonctionnement vum Kapitalismus ze „widderleeën“, souwäit dat mat Platitudë méiglech ass. Sou schreift hien ë.a.:

„Das Proletariat schüttelte nicht nur seine „Ketten“ ab.

Es gewann „eine neue Welt“, die in den entwickelten Ländern zu einem engmaschigen Sozialnetz führte.

Die Lebensbedingungen wurden selbst für die Ärmsten ungemein verbessert.

[…] Wer noch von „Klassenkampf“ schwärmt und vom Zusammenbruch des Kapitalismus träumt, verkennt die Realität. […]

Die von Marx und anderen Theoretikern nicht erkannte Wahrheit ist, dass Wirtschaft ein sich permanent erneuernder Prozess ist, den niemand richtig voraussehen oder gar steuern kann. Erfindungen, neue Technologien, neue Produkte, neue Organisationsformen schaffen permanenten Umbruch und immer neue Herausforderungen.

Gewiss, die Reichen werden schneller reich.

Aber viele Großkapitalisten verpassten den Wandel und verschwanden, sie werden ersetzt von den Neu-Reichen, den Bill Gates und anderen Baronen neuer Technologien.“

A wat fir enger schéiner Realitéit den Ex-Europadeputéierten dach ze liewe schéngt. Leider ass et just déi nämmlecht, an där déi grouss Majoritéit vun der Weltpopulatioun lieft. Déi sozial Mobilitéit am Kapitalismus, also de Mythos, datt déi Räich ëmmer nees „ausgetosch“ ginn duerch ehemoleg aarm Leit, déi et „gepackt hunn“, déi duerch eegene Verdéngscht sozial opgestige sinn, ass net méi ewéi eng léif Geschicht. Verschidden Etudë si schonn zur Konklusioun komm, datt och an de liberalen Demokratien an der grousser Majoritéit vun de Fäll déi räich Leit räich bleiwen an déi aarm Leit aarm. D’Bild vum Tellerwäscher, deen zum Millionär gëtt, ass ebe just dat: e Bild. An dat gëllt souwuel fir d’USA, wéi awer och fir europäesch Staate wéi Däitschland oder Frankräich. An datt en ausgerechent de Bill Gates als Beispill vu sozialer Mobilitéit hëlt, ass och just e schlechte Witz: Hie koum aus gudde Verhältnisser an hat domat eng immens gutt Ausgangspositioun fir säin Opstig.

Wouriwwer de Robert Goebbels hei och net esou gäre schwätzt: Et gëtt se ëmmer nach, d’14-Stonnen-Deeg, d’Hongerléin, d’Slums déi de Karl Marx beschriwwen huet – just goufen déi an aner Länner verlagert, dohin, wou och e groussen Deel vun der Industrie a vum Ofbau vu Matière première verlagert gouf. Nieft dem national ongläich verdeelte Räichtum existéiert nämlech och nach eng enorm global Ongläichheet tëscht de „westleche“ Länner a Länner vun der sougenannter „Drëtter Welt“. Dat huet et den europäesche Staaten iwwerhaapt eréischt erméiglecht, vun Industrie- zu Déngschtleeschtungsgesellschaften ze ginn a ville Salariéen (ë.a. duerch bëlleg Importproduiten) eenegermoossen e Liewen an Dignitéit ze erméiglechen ouni dobäi de massive Räichtum, deen d’Grousspatronat ugesammelt huet, jeensäits vu sozialpolitesche Konzessioune grouss unzetaaschten.

Dëst ass d’Resultat vun engem fundamentale Prinzip vun enger kapitalistescher Ekonomie: der Noutwennegkeet, stänneg no méi héije Profitter ze striewen – an dofir dann och d’Produktioun dohin ze verlageren, wou et méi bëlleg ass a Sozialstandarden an Aarbechtsrecht net esou vill zielen.

Den Uberkapitalismus – eng nei Form vun Ausbeutung.

„Kleinkapitalisten sind im Anmarsch“, schreift hie weider. Mat de „Kleinkapitalisten“ mengt hien näischt anescht ewéi déi mat am wéinegste reguléiert Beschäftegungsverhältnisser a Mëtteleuropa: Schäinselbststännegkeet. Ënner Schäinselbststännegkeet versteet een en Aarbechtsverhältnis, an deem déi schaffend Persoun bezuelt a behandelt gëtt ewéi en Onofhängegen – dobäi awer am Fong engem Patron ënnersteet. Et ass en Trick fir sozial Standarden net anhalen ze mussen, déi bei engem regulär ugestallte Salarié Flicht wieren.

Begeeschtert schreift hien doriwwer:

„Ganze Wirtschaftssektoren geraten unter Druck. Die Taxi-Branche zittert vor „Apss“. welche Privatfahrer ins Geschäft mit Privatkunden bringen. Andere „Apps“ bedrohen die Touristik-Branche, weil Wohnraum und Ferienaufenthalte privat vermittelt werden. Nicht wegen zwischenmenschlicher Solidarität, sondern gegen Bares.“

De Robert Goebbels freet sech iwwert déi kapitalistesch Efficacitéit. Fir vill Leit bedeit dës „Efficacitéit“ awer an éischter Linn, datt hir Liewensgrondlag verluer geet zugonschte vun enger méi gënschteger Offer – an dat zu engem fierchterleche soziale Präis. Déi nei „Selbststänneg“ vun der onreguléierter digitaler Wirtschaft si schwiereg, gewerkschaftlech ze organiséieren, vu datt se entfriemt gi vun hiren Aarbechtskollegen, si stännegem Bewäertungsdrock ausgesat a verdéngen dobäi oft souguer manner wéi de Mindestloun. Dat nämmlecht gëllt och fir aner Apps vun der sougenannter „sharing economy“, déi mat Deelen allerdéngs näischt ze dinn huet.

D’Efficacitéit, d’Kreativitéit vum Kapitalismus, déi de Robert Goebbels lueft, ass näischt anescht ewéi d’Kreativitéit vum Kapital doran, ëmmer nees nei Forme vun der Ausbeutung ze fannen.

De Klassekonflikt ass present ewéi ëmmer.

Wann de Robert Goebbels am Ofschloss vu sengem Artikel dann och nach déijéineg, déi sech fir de Schutz vun de Salariée viru patronaler Willkür asetzen, déi der Meenung sinn, datt 12 Stonnen den Dag ze schaffen, net duerf Normalitéit sinn, als „linke Päpste“ verhöhnt, déi e Klassekampf propagéiere géingen, deen et net méi gëtt.

Wat hien dobäi net erwähnt: Mir liewen net an enger klasseloser Gesellschaft – a soulaang ewéi et Klasse gëtt, gëtt et och Interessekonflikter tëscht dësen. Wa Léin gekierzt ginn, Fabricken ausgelagert ginn, Leit aus ekonomesche Grënn entlooss ginn, dann ass dat näischt anescht ewéi den Ausdrock vum Interessenskonflikt tëscht dem Patronat, dat seng Profitmargë méiglechst héich hale muss, an de Salariéen, déi anstänneg vun hirer Aarbecht liewe wëllen. Just datt dee Konflikt a Mëtteleuropa net méi sou brutal ausgedroe gëtt ewéi fréier am 19. Joerhonnert – dofir op globalem Niveau ëmsou méi, wou gewerkschaftlech Organisatioun oft och mam Doud bestrooft gëtt.

 

Quelleverzeechnes:

Goebbels, Robert: Marx lag falsch, an: Tageblatt 19.10.2016, Nr. 245, Bäilag „100 Joer fräi Gewerkschaften“, S.12-13.

Déi Gréng an de Fräihandel

E grénge Pinktchen am Bloen.

Eppes muss een der LSAP jo loossen: Si hunn der Bedeitung vum Fräihandelsofkommes mat Kanada CETA mat hirem ausseruerdentleche Kongress zum Thema zumindest ongeféier Rechnung gedroen. Nodeems d’Thema innerhalb vun der Partei fir grouss Kontroverse gesuergt huet, hu si zumindest déi Delegéiert um Kongress doriwwer ofstëmme gelooss. Och wann Delegéierter net esou „onberechenbar“ sinn ewéi d’Memberschaft an d’Resultat dohier méi wéi langweileg war.

Déi Gréng hunn dee „Courage“ net gehat. Bei hinnen huet sech eng Sondersëtzung vum grénge Parteirot domat beschäftegt, op déi d’Memberen invitéiert goufen. De Virdeel fir déi Gréng par rapport zu engem Kongress: do drénge méiglech hëtzeg Diskussiounen net ze vill no baussen (wéi dat bei der LSAP geschitt ass). Mir wëssen also net, ob, z.B. wéi bei der LSAP, Récktrëttsmenacen oder aneren Drockmëttel agesat goufen oder ob d’Existenz vun der parteiinterner Oppositioun einfach niéiert gi wier.

Deen anere Virdeel: D’Membere ginn net ze vill involvéiert. Op engem extraordinäre Kongress hätt d’Memberschaft – oder zumindest déi präsent Memberen – dat lescht Wuert gehat. Et hätt also kënnen dozou kommen, datt déi Gréng sech hätte misste kloer an däitlech géint de CETA ausschwätzen.

Dozou koum et am ausseruerdentleche Parteirot mat e bësse Participatiounstheater natierlech net. De Parteirot huet sech léiwer dozou decidéiert, datt déi Gréng sech elo offiziell zum CETA bekennen – nodeems net emol eng Woch méi fréi genee déi nämmlecht Vertrieder vun deene Gréngen op enger Manifestatioun géint de CETA matgaange sinn. Déi-Gréng-Fändelen a -Jacketten inclus.

An engem Pressecommuniqué hält de grénge Parteirot fest:

„Die seit 2013 – auch gegen die Juncker-Kommission – durchgesetzten Änderungen zeigen ohne Zweifel in die richtige Richtungund tragen zudem eine luxemburgische wie auch eine grüne Handschrift. […] Nichtsdestotrotz bleiben déi gréng weiterhin kritisch und setzen sich für  weitere Verbesserungen ein.“

Si schéngen net ganz verstanen ze hunn, datt d’Manifestatioun ënnert dem Motto „TTIP a CETA stoppen, grad elo!“ gelaf ass, net „TTIP a CETA ganz e bësse verbesseren, vläicht muer.“ Oder awer d’Parteivertrieder hunn et méi als en Dëppefest empfonnt, wou ee sech mol weise misst fir d’Wielerbasis net ze verléieren. Egal wéi e Schlag an d’Gesiicht fir all déi dausende Leit, déi mat éierlechen Intentioune manifestéiere ware fir hir Oppositioun zu engem Traité ze weisen, deen eng potenziell Menace fir d’Demokratie duerstellt.

Weider heescht et am Communiqué, datt d’Schiidsgeriichter weider géinge „kritesch“ gesi ginn an déi misste vun den nationale Parlamenter ofgestëmmt ginn. Weider sollten d’Schiidsriichteren engem „Verhalenskodex“ ënnerleien. D’Schiidsgeriichter sinn am CETA virgesinn, fir datt kanadesch Entreprisë sollen europäesch Staate verkloe kënne wa se mengen, datt de Staat duerch Reguléierungen hir Profitter gehemmt hätten. Un där Tatsaach schénge sech déi Gréng net ze stéieren, soulaang et dozou e Verhalenskodex gëtt, a verléieren entspriechend kee Wuert iwwert den Investitiounsschutz.

Dat hunn dann och déi Gréng an d’LSAP gemeinsam: Béid formuléiere „Konditiounen“, déi esou vague sinn, datt se näischt um Charakter vum Fräihandelsofkommes änneren. A béid formuléieren dozou Stellungnahmen, déi sou wäit vun der Realitéit fort sinn, wéi et nëmme geet. D’LSAP andeems se mécht, ewéi wann déi juristesch total wäertlos „Zousazprotokoller“ iergend eng Wichtegkeet hätten – an déi Gréng andeems se maache wéi wann nach grouss verhandelt géing ginn. Dobäi gëtt net méi vill verhandelt – laut dem däitsche Wirtschaftsministère soll sech dat Europäescht Parlament nach Ufank 2017 domat befaassen.

Sinn déi Gréng da wierklech esou naiv, datt se dat net erkennen? Nee. Déi Gréng als Regierungspartei kënne guer net sou naiv sinn. Si wësse genee, wourëms et geet. Mä si hale sech krampfhaft un der Regierung fest – an dozou gehéiert eben och d’Festhalen un der liberaler Ideologie vum fräie Marché. An et muss ee jo pragmatesch sinn. Et ass dann och net esou schlëmm, wann Entreprisen demokratesch Decisiounen einfach ewechkloe kënnen. Do ass et dann awer méi wichteg, datt déi Gréng un der Regierung bleiwe kënnen a bësse mam Tram a mat Elektroautoe spille kënnen.

D’LSAP, CETA an den Artikel 12

A wat geschitt elo mat de „Lénkssozialisten“?

Fir de 4. Oktober hat d’LSAP en ausseruerdentleche Kongress fir zu deem ëmstriddene Fräihandelsofkommes vun der EU mat Kanada, CETA, Stellung ze bezéien. Schon eng Zäit laang huet et rumouert an der Partei a wéinst der liberaler Linn vun der LSAP huet sech iergendwann eng Grupp Leit zesummefonnt, déi d’Lénkssozialisten, eng Aart ënnerparteilech Lénksoppositioun, gegrënnt hunn.

Si si besonnesch oppen ëmgaange mat hirer Oppositioun zu CETA an hu sech, zesumme mat de Jonksozialisten, vehement géint de Fräihandelsaccord gestallt. Nodeems „eise Jang“, wéi net esou kritesch LSAP-Memberen de Jean Asselborn gären nennen, zesumme mam Etienne „Ee vun eis“ Schneider e Luef op fräit Kapital gesongen huet an de Claude Haagen d’Existenz vun de Lénkssozialiste bestridden huet, koum et dunn zum Vote.

Et dierft, schonn elleng wann ee bedenkt, datt déi Delegéiert bei all deem applaudéiert hunn, kee wonneren, datt de Kongress fir de CETA gestëmmt huet. Mat e puer „Konditiounen“, wéi d’CETA-Enthusiasten aus der LSAP net midd ginn, ze betounen. Déi Konditioune bezéie sech an éischter Linn op déi sougenannten Zousazprotokoller, déi gewësse sozial Garantië solle ginn.

Greenpeace ass do relativ kloer: D’Zousazprotokoller hu juristesch de Wäert vun enger Vakanzebroschüre a ginn domat glat a guer keng Garantien. Awer och d’Ofschafe vun de Schiedsgeriichter ass keen Thema fir d’LSAP: Déi eenzeg Konditiounen, déi nach genannt ginn an hirer Resolutioun, sinn déi, datt national Parlamenter ofstëmmen duerfen iwwer verschidden Aspekter.

D’Lénkssozialisten an d’Jonksozialiste bleiwen awer standhaft a ruffe weiderhin dozou op, sech géint CETA z’engagéieren a souwuel CETA wéi TTIP ze verhënneren. Dat ass awer net bei jiddwer LSAP-Member esou gäre gesinn. Ganz am Géigendeel. Vertrieder vum LSAP-Parteiapparat maache sech schonn un, Vertrieder vu Lénks- a Jonksozialiste méi oder manner eendeiteg drop opmierksam ze maachen, datt si an der Partei net méi erwënscht kéinte sinn.

Tatsächlech sinn d’LSAP-Statuten net esou frou mat parteiinterner Kritik, déi no baussen trëtt. A sou kréie si och direkt den Artikel 12 vun deene Statuten un de Kapp geheit:

„Die Beschlüsse der Parteiorgane werden nach demokratischen Gepflogenheiten mehrheitlich gefasst. Sie verpflichten alle Parteimitglieder. Das Recht auf parteiinterne Kritik ist eine Selbstverständlichkeit, doch dürfen öffentliche Stellungnahmen nicht gegen die geltenden Beschlüsse oder die Parteiorgane gerichtet werden.“

Awer och de Verweis op Artikel 70 ass beléift beim Kritiker-Bashing:

„Ein  Disziplinarverfahren  kann  eingeleitet  und durchgeführt  werden  gegen  Mitglieder  welche sich:

  • einer ehrlosen Handlung schuldig gemacht haben;
  • gegen die  Grundsätze, das Programm  und das Organisationsstatut der Partei verstoßen haben;
  • den Richtlinien und Beschlüssen der Parteiorgane zuwider handeln;
  • durch ihr Verhalten die Interessen der Partei schädigen.“

Et brauch een net wäit sichen ze goen, fir ze realiséieren, datt dat eng Menace ass, datt d’CETA-Kritiker aus der Partei ausgeschloss kéinte ginn, wa se hir Kritik net fir sech halen.

An no de Statute vun der LSAP ze uerteelen, hunn déijéineg, déi de Lénks- a Jonksozialisten dreeën, och nach Recht. Wann d’Parteispëtzt dat wëll, da ka si en entspriechend Verfahren effektiv areechen.

D’Fro ass just, ob si zur Erkenntnis kënnt, datt esou e Purge eppes brénge géing bei der endgülteger Etabléierung vun der liberaler Linn vun der Schneider-LSAP – oder vläicht awer d’Iwwerzeegung vertrëtt, datt e puer Alibi-Kritiker innerhalb vun der Partei awer nach als Figeblat fungéiere kéinte fir de Rescht vun hirem Image als dat „soziaalt Gewësse“ vun der DP-dominéierter Regierung oprechterhalen ze kënnen.