Archiv der Kategorie: Gesellschaft

„Fir Finanzplaz a Pappeland!“

Eng Geschicht vu verletztem Nationalstolz a vum Steierparadäis op Äerden.

De rietsnationale Mob empört sech nees an de sozialen Netzwierker – Jonk Lénk huet sech dach tatsächlech getraut, fir Nationalfeierdag gewinnt provokativ ze ruffen:

Féck de Grand-Duc! Féck Lëtzebuerg! Féck de Kapitalismus!

Et ass ee schockéiert. Leit fille sech an hirer Lëtzebuergeschkeet beleidegt. Monarchie, Nationalstaat, Kapitalismus, dat ass dach d’Fundament vun der lëtzebuergescher Utopie tëscht Musel an Uelzecht. Wéi kënnen déi jonk Leit et elo woen, dat och nach a Fro ze stellen?!

Sécher, muncheree mengt vläicht, et géing guer net dorëms goen, deene Jonken elo de Mond ze verbidden, well gnädegerweis géing souguer munche Rietsnationalen nach eng „respektvoll formuléiert“ Kritik un der Monarchie zouloossen – esou zumindest behaapt dat de Fred Keup am Numm vu sengem Anti-Immigratiouns-Veräin Wee2050/Nee2015. Fir erauszefannen, datt dat net esou ass, muss ee sech just emol d’Kommentarspalte vun de Chefempörten ënnert de Rietsnationalen ukucken. Beim ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser z.B. fanne sech an de Kommentarer ganz oppe Gewaltfantasië géint Kritiker vum Hurrapatriotismus, deen eis all Joer virgefouert gëtt:

Datt esou Ongeheierlechkeeten no bal engem ganzen Dag nach do stinn – an dat och nach ganz ouni Empörung iwwert déi Verherrlechung vu Gewalt! – schwätzt am Fong fir sech. Déi „absolut Meenungsfräiheet“, wéi Kartheiser a Co. se propagéieren, bedeit wuel och, Leit mam Doud menacéieren ze kënnen, wann déi vun hirem eegene Recht op fräi Meenungsäusserung Gebrauch maachen an dat net konform geet mam eegenen nationalistesche Weltbild. Och huet nach keen de Fernand Kartheiser dozou opgefuerdert, sech dovun ze distanzéieren – während déi Lénk (déi keen Afloss op déi intern Ugeleeënheete vu Jonk Lénk hunn) stänneg dozou opgeruff ginn, sech vu Jonk Lénk ze distanzéieren, bzw. „d’Jugend an de Grëff ze kréien“. Wéi gewinnt also gëtt déi national Gefillsduselei also nach mat enger Riseportioun Jugendfeindlechkeet getoppt.

De Joe Thein, Virsëtzende vun der rietsnationaler Splitterpartei déi Konservativ an angebleche Vertrieder vun der „absoluter Meenungsfräiheet“, schléisst sech dem rietse Mob un a fuerdert d’Sträiche vun alle méigleche staatleche Subventioune fir Jugendorganisatiounen, déi dem Grand-Duc net stramm genuch salutéieren:

Als Politiker fuerderen ech, datt d’Partei déi Lénk, déi mat Eed op Verfassung a Grand-Duc am Lëtzebuerger Parlament siègéiert (sic), sech vun dëse lénksextremistesche Parolen distanzéiert a se veruertdeelt (sic), d’Parteijugend (sic) hir Excuse presentéiert, an d’Politik d’Konsequenzen an d’Weeër leet, déi fir dës Jugendorganisatioun bedeiten, datt si vun de staatleche Subsiden ausgeschloss gëtt.

Déi liberal-national Querfront fir Pappeland a Finanzplaz.

Awer net just rietskonservativ Nationalromantiker reege sech op eng irrational Aart a Weis op iwwert „d’Beleidegung“ vum Pappeland. Och an der DP an an der CSV si Politiker empört. Et dierft just eng Fro vun der Zäit si bis deen éischte gréngen oder LSAP-Politiker sech zum Sujet äussert a sengem Entsetze fräie Laf léisst. Schliisslech geet et hei net einfach just ëm national Gefiller – et geet ëm d’Finanzplaz, Standuertlogik a Steierkonkurrenz, oder einfach gesot: de Lëtzebuerger Modell.

Wat nämlech bei där ganzer Polemik ënnergeet, ass den eigentleche Message. „Féck Lëtzebuerg“ ass den Ausdrock vun enger berechtegter Roserei iwwer genee dee Lëtzebuerger Modell. D’Natioun – an am besonnesche Mooss d’Lëtzebuerger Natioun – ass déif verbonne mam jeeweilegen ekonomesche Modell. De sougenannten Nationbranding ass e gutt Beispill fir deen ekonomesch orientéierten Nationalismus. Dobäi handelt et sech ëm eng Initiativ vun der Regierung fir Lëtzebuerg als Wirtschaftsstanduert no baussen ze verkafen. Wuelgemierkt an alleréischter Linn fir d’Finanzindustrie.

Grad a Froe vu Finanzindustrie weist sech awer och den nationale Konsens, deen de Lëtzebuerger Modell ausmécht: An der Chamber wielen d’Regierungsparteien an d’Oppositiounsparteien ADR an CSV ëmmer en faveur vun der Finanzplaz Lëtzebuerg a verdeedegen d’Steierparadäis fir Ultraräicher och – trotz pro-europäescher Rhetorik – géint Regulatiounsbestriewungen duerch d’Europäesch Unioun. Do fanne Rietsaussen an déi „politesch Mëtt“ zesummen. Entspriechend ass et och net verwonnerlech, datt se sech zesummen op alles aschéissen, wat déi onuntaaschtbar – vun de „Big 4“ Beroderfirmae gesponsert – allerhellegst Natioun an hiren adelege Representant ugräift.

Nieft der ekonomescher Argumentatioun geet et awer och ëm Demokratie an Ausgrenzung – an dat ganz besonnesch am lëtzebuergesche Kontext. Sécher, Lëtzebuerg ass e Land vu ville Kulturen a mir probéieren, dat och esou no baussen ze droen. Gläichzäiteg hunn Auslänner zu Lëtzebuerg mat ville Barrièren ze kämpfen. Sou ass den Aarmutstaux besonnesch bei Portugisen an Net-EU-Auslänner wesentlech méi héich ewéi bei Lëtzebuerger – a wéi wann dat net schlëmm genuch wier, duerfe grad déi Leit dann nach net emol wielen, an dat just opgrond vu falsch verstanenem nationalen Houfer.

Roserei ass e Geschenk.

A wisou soll een do net duerfe rose ginn a sech och mol méi däitlech artikuléieren? Wisou soll ausgerechent déi Generatioun, déi elo d’Logementspolitik vun deene leschte Joerzéngten ausbueden duerf an deelweis d’Halschent vun hirer mickreger Pai muss fir Loyer dropginn, net rose sinn a méi calme, méi „besonne“ reagéieren? Wisou sollen déi Leit, déi sech asetze fir Flüchtlingen, déi dann awer an onsécher Länner zeréck deportéiert ginn, „frou“ si mat genee där Natioun? Wisou solle mir net rose sinn doriwwer, datt Lëtzebuerg sech beräichert op Käschte vun anere Länner an trotzdem nach vun engem grousse „pro-europäesche Konsens“ geschwat gëtt? Wisou solle mir net rose sinn doriwwer, datt Leit, déi hei zanter Jore schaffen a wunnen, trotzdeem net mat wielen duerfen?

A v.a.: Wisou solle jonk Leit net rosen doriwwer duerfe sinn, datt se konsequent net seriö geholl ginn an am politesche Prozess allerhéchstens emol benotzt gi fir datt déijéineg, déi un der Muecht sinn, sech e wéineg mat der „Dynamik“ vun der Jugend inzenéiere kënnen?

Richtung 22 hat Recht.

Nee2015/Wee2050 tëscht den Zeilen

Wat ass wierklech d’Visioun vum Fred Keup fir Lëtzebuerg?

An der Lescht ass nees méi oft d’Ried vum Fred Keup a senger neierdéngs a Wee2050 ëmbenannter Initiativ Nee2015. Oder hallef ëmbenannt zumindest – iergendwéi gesäit ee béid Nimm nach. Vläicht fäert hien, datt, wann hien d’Ëmbenennung duerchzitt, seng Initiativ a Vergiessenheet geréit.

Jiddefalls huet hien, nodeems e sech fir d’Éischt iwwert e méiglecht Wahlrecht fir Auslänner opgereegt huet an duerno iwwert d’Reform vum Nationalitéitegesetz opgereegt huet, op eemol d’Lëtzebuerger Sprooch fir sech entdeckt. Datt de Sproochpurist se ëmmer nach net richteg schreiwe kann, dat loossen ech elo mol bausse vir a spuere mer e Korrekturliese vu senger Facebooksäit.

Wat allerdéngs vun Interessi fir d’Allgemengheet ass – mä leider just op dësem Blog behandelt gëtt, an eben net iwwerall do, wou de Fred Keup säi Podium gebuede kritt – ass d’Fro, wat fir eng Visioun hie mat sengem Veräin (deem seng Memberschaft, bis op seng Persoun, zimlech geheim gehale gëtt) wierklech huet. Geet et him wierklech „just“ ëm d’Erhale vun der Lëtzebuerger Sprooch – oder stiechen do awer vläicht wesentlech méi düster Visiounen dohannert?

Prioritéit: Uertschaftsschëlder a Bushaltestellen op Lëtzebuergesch

Déi „10 konkret Aktiounspunkten (sic) fir d’Lëtzebuerger Sprooch“, wéi si et sou schéin nennen, si jiddefalls op eng bal humoristesch Aart a Weis harmlos:

1. D’Uertschaftsschëlter sinn op Lëtzebuergesch, déi däitsch a franséisch Bezeechnung steet a méi klenger Schrëft drënner.

2. D’Nimm vun den Zuch-, Bus- an Tramsstatioune sinn op Lëtzebuergesch.

3. Jiddereen deen iwwer d‘Strooss, d‘Schinn (Gare), de Fliger (Fluchhafen) an d’Land erakënnt, gëtt vun engem Schëld op Lëtzebuergesch begréisst. Méi kleng drënner kann d’Begréissung och op Däitsch, Franséisch oder Englesch stoen.

Domat wiere just déi dräi éischt Fuerderungen opgezielt – mä si verdäitlechen zimlech gutt, wourëms et hei geet: Reng Symbolpolitik, déi näischt wierklech mat der Lëtzebuerger Sprooch ze dinn huet – awer dofir e ganze Koup kaschte géing. Wetten, datt duerno déi nämmlecht Leit sech iwwert d’Verschwendung vun hire Steiergelder beschwéieren, wann d’Schëlder uechtert d’Land op eemol bis wierklech mussen ausgetosch ginn?

8. All Gemengen an Administratioune begréissen de Bierger um Telefon op Lëtzebuergesch a fuere wann néideg an enger anerer Sprooch weider.

Hiren 8. Punkt ënnersträicht d’Absurditéit dohannert nach eemol besonnesch gutt. Si ginn esou wäit, datt souguer reguléiert soll ginn, ob Beamten um Tëlefon „Moien“ oder „Bonjour“ soen duerfen.

Vun der Laachnummer zur oppener Auslännerfeindlechkeet

Elo hunn déi puer Fuerderungen nach en Ënnerhalungswäert. Et kann een driwwer laachen oder, wéi d’JDL, se iwwerhuelen ouni engem grouss wéizedoen, wann ee gären e bësse mat op den Zuch vun absurde Fuerderunge sprange wëll.

Et muss een awer net wäit kucke goen, fir ze gesinn, wat Nee2015/Wee2050 wierklech aus der Lëtzebuerger Gesellschaft maache wëll. Esou z.B. deele si op hirer Facebooksäit eng Stellungnam vum François Fillon, dem Presidentschaftskandidat vum ultra-rietse Flillek vu „Les Républicains“, wou dëse sech géint de Multikulturalismus ausschwätzt a fir eng Ënneruerdnung vun der auslännescher Populatioun ënnert déi franséisch Leitkultur. An, wéi et net anescht ze erwaarde war, stellt de Fred Keup sech hei ganz op dem Fillon seng Säit – a verdeedegt seng Oppositioun zum Multikulturalismus, souguer op dat längst multikulturell gepräägt Lëtzebuerg:

Wat fält eis do op? Fir d’Éischt emol hëlt de Fred Keup hei rëm d’Wëssenschaft als Alibi fir géint eppes ze sinn. Natierlech komplett ouni iergendwéi selwer ze recherchéieren. Als een, deen d’Wëssenschaften awer méi seriö hëlt ewéi den Här Keup, muss ech éischtens soen, datt et fir esou (oft relativ tendenziéis benotzte) Begrëffer keng eenheetlech Definitioun gëtt – do läit hien also einfach emol falsch – an datt ech, no kuerzer Recherche, constatéiere muss, datt schonn alleng iwwert d’Definitioun scho ganz Aarbechte verfaasst goufen, esou ëmstridden ass se. Fir den Här Keup awer mol opzeklären, liwweren ech dann trotzdem mol eng Géigendefinitioun – déi allgemeng vu „lénksversiffte Guttmënsche“ wéi mir benotzt gëtt: Eng multikulturell Gesellschaft ass eng Gesellschaft, déi d’Recht respektéiert, seng eege Kultur a seng Relioun bäizehalen a seng Sprooch weiderhin ze schwätzen, och wann dës net majoritéitsfäeg sinn a fir déi „eenheemesch“ Populatioun „friem“ wierken.

Wou et dann awer besonnesch lëschteg gëtt, ass, wann den Här Keup, dee jo anscheinend Geografie a Civique am LTE soll ginn, dann och nach komplett duerchernaner Staaten opzielt, déi anscheinend multikulturell wieren an dowéinst (!) total politesch instabil – ënner anerem d’Tierkei an den Irak. Fir déi Beispiller awer mol séier ze widderleeën – an domat wuel och dem Här Keup seng Fäegkeeten als Lycéesprof: D’Tierkei ass grad esou instabil, well se sech ebe grad weigert, eng multikulturell Gesellschaft ze ginn, obwuel d’Realitéite vum Land längst esou sinn. Grad well den Erdogan d’Kurden an hirer Autonomie der tierkescher Leitkultur ënnerwerfe wëll, ass dee Konflikt ausgebrach. Awer och den Irak ass den Ament an enger Situatioun, wou d’Zentralregierung, déi schiitesch dominéiert ass – während et eng relevant sunnitesch Minoritéit gëtt, déi sech vun dëser ongerecht behandelt spiert. Duerch d’Dominanz vun der majoritärer Schia par rapport zum Sunnitentum – kombinéiert mam Irakkrich – konnt d’Terrormiliz Islamesche Staat iwwerhaapt eréischt esou staark ginn. De Problem hei ass also ëmmer genee dat wat de Fred Keup fuerdert: D’Dominanz vun enger Kultur, vun enger Relioun iwwert déi aner.

Als Virbild fir Lëtzebuerg gëtt dann ausgerechent den Iran erbäigeholl – well en ach sou „monokulturell“ ass. Zumindest angeblech. Wat den Här Keup hei ausléisst: Den Iran ass e multiethnesche Staat. Nieft de majoritäre Perser liewen do och Kurden an Aserbaidschaner, fir nëmmen déi zwou gréissten ethnesch Minoritéiten ze nennen. Nach dobäi kënnt, datt dës Minoritéiten et ënnert dem Regime net einfach hunn an oft Verfolgungen ausgesat sinn, besonnesch wa se sech fir méi regional Autonomie asetzen. Ass dat wierklech e virbildleche Modell fir Lëtzebuerg? Wann et nom Veräin vun den notoreschen Nee-Soer geet, da jo …

Seng Visioun vum „monokulturelle“ Lëtzebuerg verstäerkt hien dann nach eng Kéier an engem anere Kommentar:

Den Idealfall wier fir den Här Keup also, wann en Auslänner seng Mammesprooch ofleet an net méi schwätzt, zugonschte vum Lëtzebuergeschen. Dat ass net just eng Opfuerderung, méiglechst wéineg fir seng Méisproochegkeet ze maachen – mä et ass och eng Frechheet fir all Resident mat Migratiounshannergrond, mech inclus, deen nach gäre seng Mammesprooch schwätzt. Et ass net emol falsch, wann Angscht a Schrecken zu Lëtzebuerg hei vu „Sproochefaschismus“ schwätzt.

Wuesstemsdebatt vu riets

Interessant gëtt et beim Keup-Veräin awer och, wann ee sech hir Ziler sou ukuckt; do schneide si – ganz kuerz an ouni konkret Proposen – eng Wuesstemsdebatt un. Wuesstemskritik kennt ee jo soss éischter aus lénken, fortschrëttleche Kreesser ewéi vu rietsnationale Veräiner wéi Nee2015/Wee2050. De groussen Ënnerscheed, deen hei awer och séier kloer gëtt, ass dee vun der Prioritéitesetzung.

Während eng lénk Approche wier, den ekonomesche Wuesstem an déi ongläich Verdeelung vu Wuelstand an der Groussregioun an de Fokus vun der Kritik ze setzen – dee jo och d’Fundament ass vun den dorausser resultéierende Problemer – steet fir déi rietsnational Wuesstemskritiker am Fong méi d’Migratioun am Virdergrond. Logesch Konsequenz, déi een aus hirer Argumentatioun ass am Endeffekt, d’Aschränkung vum fräie Mouvement am Schengen-Raum. Kee Wuert iwwert déi fräi Maartwirtschaft, déi tatsächlech bis an d’Onendlecht wuesse misst fir ze funktionéieren – kee Wuert iwwert déi strukturell Problemer, déi an der Groussregioun herrschen an dofir dozou féieren, datt vill Leit hiert Gléck zu Lëtzebuerg probéieren a scho guer keng Proposen, fir dat – och zum Wuel vum Rescht vun der Groussregioun – ze changéieren. Amplaz just Gesouers iwwert eng total vun der Realitéit lassgeléisten Identitéit, déi, wann een hiren eegenen Aussoen no geet, esou exklusiv ass, datt se et net wäert ass, datt een och nëmmen eng Minutt fir se verschwent.

Statistiken an historesch Quellen egal, d’Bauchgefill zielt

Déi besonnesch Geféierlechkeet vun der Ideologie vun de Keupiste läit awer doran, datt wëssenschaftlech Erkenntnis e gutt Stéck manner zielt ewéi dat perséinlecht Bauchgefill, gekoppelt mat engem éischter onzouverlässege Gedächtnis. Dat geet esou wäit, datt de Fred Keup de Fernand Fehlen – bekannte Sproochesoziolog – „erausfuerdert“ zu engem Debat an no Beweiser rifft.

Abee, de Beweis gouf längst geliwwert. Souguer nach laang virun där dämlecher „Erausfuerderung“. Dat weess den Här Keup och ganz genee. Hie wëll et just net zouginn – schliisslech géing dat säi ganzt ideologescht Gebilde, dat e sech a sengem spiissbiergerleche Kapp mat Méi zesummegebastelt huet. An dat géing heeschen: den éiwege Podium, deen e gebuede kritt, wéi wann en iergend eng „Expertise“ a Saache Lëtzebuerger Sprooch hätt, wier eriwwer, grad ewéi domat och säi Moment vu Bekanntheet.

Fakt ass: Ëmmer méi Leit schreiwe sech a Lëtzebuergeschcoursen an.

Vläicht gesäit hien a senge Ligen an a sengem Bauchgefill och éischter „alternativ Fakten“, ganz no sengem manner gutt friséierte Virbild, mä et ännert näischt dorun, datt deen oppene Refus, gesammelt Fakten ze akzeptéieren an zur Analys vun der Situatioun ze notzen, an amplaz op Héiere-soen an op Bauchgefill ze setzen, héchst geféierlech ass. Et ass de fruuchtbare Grond, op deem Rassismus an Nationalismus och an eisen Nopeschlänner längst gedeien.

Streidereien an dubiéis Personalien

Déi lescht Méint huet sech Nee2015/Wee2050 awer och ganz staark mat der als „Sproochepetitioun“ bekannter Petitioun Nr. 698 profiléiert, déi vum Lucien Welter initiéiert gouf. Dësen huet sech dunn awer séier vun den Nee-Soer hannergaangen a manipuléiert gespuert. Dëst huet hien an engem Kommentar ausgedréckt, deen de Keup a seng Gefolgschaft net esou gäre kurséiere gesinn.

A genee hei kënnt schonn den nächsten Hiweis dorop, wat fir Leit wierklech hannert Nee2015/Wee2050 stiechen. Den Tom Weidig schéngt sech am noe politeschen Ëmfeld vum Fred Keup ze beweegen an ass och mat him zesummen am Comité vun der Actioun (sic) Lëtzebuergesch – Eis Sprooch vertrueden. Hie stänkert gäre géint „kulturfriem“ Migranten an ass sech och net ze schued, d’Geschicht esou ze verdréinen, datt duerno Nazidäitschland „gutt“ do steet:

Als „Volkssturm“ gëtt eng militäresch Formatioun um Enn vum Zweete Weltkrich bezeechent, bei där Jugendlecher an al Männer agezu goufe fir als Kanounefudder – iwwregens souwuel géint d’Sowjetarméi, wéi och géint déi alliéiert Arméien – ze déngen an d’Defaite vun Däitschland méiglechst laang erauszezögeren. Hei gëtt also ganz kloer d’Onmënschlechkeet vum Naziregime mat geschichtsverfälschende Mëttelen ewechgeschwat. A mat esou Leit huet de Fred Keup kee Problem, zesummenzeschaffen. Dat schwätzt am Fong scho fir sech.

Nostalgie an Ofschottung

Domat dierft kloer sinn: Genee wéi et dem Fred Keup 2015 net dorëms goung, Souveränitéitsverloscht ze verléieren, geet et him haut och net dorëms, d’Lëtzebuerger Sprooch virum Ausstierwen ze retten. Bei sengem Veräin mësche sech vill méi Nostalgie fir e mythesche „gëllenen“ Zäitalter zu Lëtzebuerg mat méiglechst wéinegen Auslänner – deen et esou ni gouf – ganz oppe mat Nationalismus, entspriechender Geschichtsverklärung a geliefter Auslännerfeindlechkeet. A genee esou sollten och endlech de Fred Keup, säi Veräin a säi politeschen Entourage an der Ëffentlechkeet behandelt ginn – an net wéi den harmlose Spiissbierger, dee bei all Interview dat nämmlecht hellblot Hiem dréit.