Archiv der Kategorie: Medien

Déi léif Ökofaschiste vun Esch

Oder: Wa Lëtzebuerger Journalisten net grëndlech recherchéieren

Fräi Ökologesch-Demokratesch Partei (FÖDP) – dovun huet sécher nach kaum een héieren. Muss een och am Fong net wierklech. Knapp 10 Memberen, keng eege Websäit a 60 Facebook-Likes ass dat méi eng zweetklasseg Facebooksäit ewéi wierklech eng Partei.

Trotzdem huet dës „Partei“ et an op wort.lu an op RTL gepackt, mat engem net ganz ausgeräifte Konzept fir Stroumgeneratioun zu Esch duerch Solarplacken op der Strooss a Placken, déi aus Beweegungsenergie Stroum maachen. RTL charakteriséiert d’FÖDP als relativ jonk Partei, déi sech als ökologesch Alternativ zu deene Grénge gesäit – op wort.lu gouf sech net emol déi Méi gemaach.

Schued, datt béid Journaliste sech net d’Méi gemaach hunn, ze recherchéieren, wien a wat wierklech hannert der FÖDP stécht. Do muss een och guer net esou wäit kucke goen.

Virun net allze laanger Zäit ass eng ganz oppe rietsradikal Klengpartei zu Lëtzebuerg de facto zerfall: Déi Sozial Demokratesch Vollekspartei (SDV) vum Nico Castiglia, dee scho fir gesetzeswiddreg Geldtransferen an enger Holdinggesellschaft veruerteelt gouf. Iwwert där hiren Zerfall huet och schonn de Maxime Weber op sengem Blog en Artikel verfaasst. Op d’Detailer vun hirer Zersetzung wëll ech net nach eemol agoen – dat huet de Maxime scho gemaach. Wat engem awer bei der FÖDP opfält sinn zwee Nimm: De President Ronald Mordiconi an de Vizepresident Steve Melmer. Béid si se keng onbeschriwwe Blieder.

Souwuel Mordiconi wéi Melmer hu sech nämlech un der Grënnung vun der SDV – déi sech eegenen Aussoen um franséische Front National inspiréiert – bedeelegt. Si sinn zwar ausgetrueden, mä net well se mat där rietsnationaler Ideologie vun der Castigliapartei net identifizéiere konnten, mä wéinst den dubiéise Machenschafte vun hirem Chef, déi am Maxime sengem Artikel scho beschriwwe ginn.

Zwar kéint ee mengen, wann een de Podium liest, deen de Journal dem Mordiconi gebueden huet, datt d’FÖDP eng éischter moderat Linn verfollegt:

Wir wollen deshalb Integrationskurse zum Verständnis, wie das Leben in Luxemburg funktioniert, das Erlernen der luxemburgischen Kultur, Sprache und Geschichte in den Schulen von Anfang an fördern, da wir der Meinung sind, dass eine gemeinsame Kultur und Sprache die Grundlage für ein gutes Zusammenleben sind.

D’Beharren op enger „gemeinsamer Kultur“ ass besonnesch problematesch an engem Land, an deem esou vill Leit liewen, déi net mat Bouneschlupp, Buergbrennen a Faustilidder opgewuess sinn.

Nach méi verstéierend an eendeiteg dierft et awer ginn, wann ee sech d’Facebooksäit vun där Partei ukuckt. Net just stécht guer kee kohärent Kommunikatiounskonzept dohannert – zousätzlech fanne sech gäre Verlinkungen zu rietsradikalen Desinformatiounssäite wéi Unzensuriert.at oder Eurolibertés.

Besonnesch däitlech gëtt déi rietsnational Ideologie hannert der Partei awer hei:

foedp-melmer-ethno

An dësem insgesamt relativ wiere Bäitrag vun hirem Vizepresident fënnt sech den eendeitege Vocabulaire vun der Nouvelle Droite:

ech froen awer ass et schlecht alternativ ze denken? Et geet hei net em Nationalismus oder Patriotismus mee em Respekt an den erhält an enger Ethnopluralistescher Welt an géint Repressioun vun aner oder alternativen Meenungen, déi oft als „Rassismus“ betitelt ginn.

De Begrëff Ethnopluralismus ass deene meeschte Leit net geleefeg. Dofir zitéieren ech dozou einfach d‘Bundeszentrale für politische Bildung:

Mit dem Begriff „Ethnopluralismus“ bezeichnet die sogenannte Neue Rechte ein Theoriekonzept, das den für Rechtsextreme typischen Rassismus neu und weniger angreifbar begründen soll. Kritiker nennen ihn einen „Rassismus ohne Rassen“. […]

Wie klassische Rassisten behaupten auch Ethnopluralisten, es gebe grundsätzliche und unveränderliche Eigenschaften von Menschengruppen – und jede Gruppe sei umso besser und stärker, je ähnlicher sich ihre jeweiligen Angehörigen seien. Dabei vermeiden Ethnopluralisten aber biologistische Argumentationen, eine Abstammungsgemeinschaft oder genetische Homogenität wird von ihnen nicht mehr offen gefordert. Stattdessen behaupten sie, Völker besäßen unveränderliche kulturelle Identitäten, die vor fremden Einflüssen zu schützen seien. Dass sämtliche menschliche Kulturen das Ergebnis gegenseitiger Beeinflussung sind, wird dabei völlig ausgeblendet.

D’Angscht virum Friemen – elo och ganz nei mat e bëssen Ëmweltschutz.

Awer net just dat. D’FÖDP gëtt sech zwar gären ëmweltfrëndlech, leegent awer ganz offensichtlech och de mënschlechen Afloss op de Klimawandel – deen haut wëssenschaftleche Konsens ass. Gestridde gëtt sech héchstens nach iwwert d’Ausmooss dovun.

foedp-antiklima

Also, léiwen RTL, léift Wort, an Zukunft kéint een och e wéineg méi recherchéieren, wann een iwwert eng „nei Partei“ bericht, déi mat hiren 10 Membere sécher eng grouss national Relevanz huet. Hire rietsnationalen Hannergrond ze beliichten, wier och kee Meenungsjournalismus gewiescht, mä anstänneg Recherche. Dofir muss een dann heiansdo mol de Mantel vun der Neutralitéit ofleeën. Neutralitéit ass nämlech net ëmmer objektiv.