Archiv der Kategorie: Replik

De Marx louch richteg – de Robert Goebbels net

Eng Replik op dem Robert Goebbels säin Artikel am Tageblatt-Spezial „100 Joer fräi Gewerkschaften“.

Ënnert dem Titel „Marx lag falsch“ huet den ehemolegen Europadeputéierte vun der LSAP Robert Goebbels an der Tageblatt-Bäilag „100 Joer fräi Gewerkschaften“ vum 19. Oktober en Artikel publizéiert, dee fräilech wéineg ze dinn hat mat der historescher oder der aktueller Bedeitung vu Gewerkschaften. Grad well villes an deem Artikel eng Vereinfachung vu komplexe gesellschaftlechen Zesummenhäng duerstellt a well en aus decidéiert liberaler Siicht geschriwwen ass, muss deem eppes entgéintgesat ginn – och wa meng Replik op seng Behaaptungen leider net esou oft wäert gelies ginn ewéi deen ideologesch verblennten Artikel selwer.

De Kapitalismus als Garant vu „sozialer Mobilitéit“ a vu kollektivem Wuelstand?

A sengen éischte Paragraphe probéiert de Robert Goebbels, dem Marx seng Theorie zum Fonctionnement vum Kapitalismus ze „widderleeën“, souwäit dat mat Platitudë méiglech ass. Sou schreift hien ë.a.:

„Das Proletariat schüttelte nicht nur seine „Ketten“ ab.

Es gewann „eine neue Welt“, die in den entwickelten Ländern zu einem engmaschigen Sozialnetz führte.

Die Lebensbedingungen wurden selbst für die Ärmsten ungemein verbessert.

[…] Wer noch von „Klassenkampf“ schwärmt und vom Zusammenbruch des Kapitalismus träumt, verkennt die Realität. […]

Die von Marx und anderen Theoretikern nicht erkannte Wahrheit ist, dass Wirtschaft ein sich permanent erneuernder Prozess ist, den niemand richtig voraussehen oder gar steuern kann. Erfindungen, neue Technologien, neue Produkte, neue Organisationsformen schaffen permanenten Umbruch und immer neue Herausforderungen.

Gewiss, die Reichen werden schneller reich.

Aber viele Großkapitalisten verpassten den Wandel und verschwanden, sie werden ersetzt von den Neu-Reichen, den Bill Gates und anderen Baronen neuer Technologien.“

A wat fir enger schéiner Realitéit den Ex-Europadeputéierten dach ze liewe schéngt. Leider ass et just déi nämmlecht, an där déi grouss Majoritéit vun der Weltpopulatioun lieft. Déi sozial Mobilitéit am Kapitalismus, also de Mythos, datt déi Räich ëmmer nees „ausgetosch“ ginn duerch ehemoleg aarm Leit, déi et „gepackt hunn“, déi duerch eegene Verdéngscht sozial opgestige sinn, ass net méi ewéi eng léif Geschicht. Verschidden Etudë si schonn zur Konklusioun komm, datt och an de liberalen Demokratien an der grousser Majoritéit vun de Fäll déi räich Leit räich bleiwen an déi aarm Leit aarm. D’Bild vum Tellerwäscher, deen zum Millionär gëtt, ass ebe just dat: e Bild. An dat gëllt souwuel fir d’USA, wéi awer och fir europäesch Staate wéi Däitschland oder Frankräich. An datt en ausgerechent de Bill Gates als Beispill vu sozialer Mobilitéit hëlt, ass och just e schlechte Witz: Hie koum aus gudde Verhältnisser an hat domat eng immens gutt Ausgangspositioun fir säin Opstig.

Wouriwwer de Robert Goebbels hei och net esou gäre schwätzt: Et gëtt se ëmmer nach, d’14-Stonnen-Deeg, d’Hongerléin, d’Slums déi de Karl Marx beschriwwen huet – just goufen déi an aner Länner verlagert, dohin, wou och e groussen Deel vun der Industrie a vum Ofbau vu Matière première verlagert gouf. Nieft dem national ongläich verdeelte Räichtum existéiert nämlech och nach eng enorm global Ongläichheet tëscht de „westleche“ Länner a Länner vun der sougenannter „Drëtter Welt“. Dat huet et den europäesche Staaten iwwerhaapt eréischt erméiglecht, vun Industrie- zu Déngschtleeschtungsgesellschaften ze ginn a ville Salariéen (ë.a. duerch bëlleg Importproduiten) eenegermoossen e Liewen an Dignitéit ze erméiglechen ouni dobäi de massive Räichtum, deen d’Grousspatronat ugesammelt huet, jeensäits vu sozialpolitesche Konzessioune grouss unzetaaschten.

Dëst ass d’Resultat vun engem fundamentale Prinzip vun enger kapitalistescher Ekonomie: der Noutwennegkeet, stänneg no méi héije Profitter ze striewen – an dofir dann och d’Produktioun dohin ze verlageren, wou et méi bëlleg ass a Sozialstandarden an Aarbechtsrecht net esou vill zielen.

Den Uberkapitalismus – eng nei Form vun Ausbeutung.

„Kleinkapitalisten sind im Anmarsch“, schreift hie weider. Mat de „Kleinkapitalisten“ mengt hien näischt anescht ewéi déi mat am wéinegste reguléiert Beschäftegungsverhältnisser a Mëtteleuropa: Schäinselbststännegkeet. Ënner Schäinselbststännegkeet versteet een en Aarbechtsverhältnis, an deem déi schaffend Persoun bezuelt a behandelt gëtt ewéi en Onofhängegen – dobäi awer am Fong engem Patron ënnersteet. Et ass en Trick fir sozial Standarden net anhalen ze mussen, déi bei engem regulär ugestallte Salarié Flicht wieren.

Begeeschtert schreift hien doriwwer:

„Ganze Wirtschaftssektoren geraten unter Druck. Die Taxi-Branche zittert vor „Apss“. welche Privatfahrer ins Geschäft mit Privatkunden bringen. Andere „Apps“ bedrohen die Touristik-Branche, weil Wohnraum und Ferienaufenthalte privat vermittelt werden. Nicht wegen zwischenmenschlicher Solidarität, sondern gegen Bares.“

De Robert Goebbels freet sech iwwert déi kapitalistesch Efficacitéit. Fir vill Leit bedeit dës „Efficacitéit“ awer an éischter Linn, datt hir Liewensgrondlag verluer geet zugonschte vun enger méi gënschteger Offer – an dat zu engem fierchterleche soziale Präis. Déi nei „Selbststänneg“ vun der onreguléierter digitaler Wirtschaft si schwiereg, gewerkschaftlech ze organiséieren, vu datt se entfriemt gi vun hiren Aarbechtskollegen, si stännegem Bewäertungsdrock ausgesat a verdéngen dobäi oft souguer manner wéi de Mindestloun. Dat nämmlecht gëllt och fir aner Apps vun der sougenannter „sharing economy“, déi mat Deelen allerdéngs näischt ze dinn huet.

D’Efficacitéit, d’Kreativitéit vum Kapitalismus, déi de Robert Goebbels lueft, ass näischt anescht ewéi d’Kreativitéit vum Kapital doran, ëmmer nees nei Forme vun der Ausbeutung ze fannen.

De Klassekonflikt ass present ewéi ëmmer.

Wann de Robert Goebbels am Ofschloss vu sengem Artikel dann och nach déijéineg, déi sech fir de Schutz vun de Salariée viru patronaler Willkür asetzen, déi der Meenung sinn, datt 12 Stonnen den Dag ze schaffen, net duerf Normalitéit sinn, als „linke Päpste“ verhöhnt, déi e Klassekampf propagéiere géingen, deen et net méi gëtt.

Wat hien dobäi net erwähnt: Mir liewen net an enger klasseloser Gesellschaft – a soulaang ewéi et Klasse gëtt, gëtt et och Interessekonflikter tëscht dësen. Wa Léin gekierzt ginn, Fabricken ausgelagert ginn, Leit aus ekonomesche Grënn entlooss ginn, dann ass dat näischt anescht ewéi den Ausdrock vum Interessenskonflikt tëscht dem Patronat, dat seng Profitmargë méiglechst héich hale muss, an de Salariéen, déi anstänneg vun hirer Aarbecht liewe wëllen. Just datt dee Konflikt a Mëtteleuropa net méi sou brutal ausgedroe gëtt ewéi fréier am 19. Joerhonnert – dofir op globalem Niveau ëmsou méi, wou gewerkschaftlech Organisatioun oft och mam Doud bestrooft gëtt.

 

Quelleverzeechnes:

Goebbels, Robert: Marx lag falsch, an: Tageblatt 19.10.2016, Nr. 245, Bäilag „100 Joer fräi Gewerkschaften“, S.12-13.