Archiv der Kategorie: Wahlen

You Got Trump’d!

Den Donald Trump ass President vun den USA – wéi konnt dat geschéien?

Vill Leit – ech inclus – wollten et net gleewen; dee Mann, deen ugetrueden ass mat rassisteschen a fraefeindleche Spréch, dee beschëllegt gëtt, mindestens enger Dose Frae sexuell Gewalt ugedoen ze hunn, Milliounen US-Awunner a Latäinamerika deportéiere wëll a ganz oppen ukënnegt, am Numm vun der Terrorbekämpfung nach méi Krichsverbrieche begoen ze wëllen, ass elo President vun den USA. Leider ass dem Trump seng Victoire net dee Witz, wéi verschidde Komiker sech dat virgestallt hunn. Et gëtt elo eescht.

Vill Leit stelle sech elo d’Fro, wéi et geschéie konnt, datt een, deen eng oppe rassistesch a fraefeindlech Campagne gefouert huet, dee Folter a Sippejustiz guttgeheescht huet, d’Presidentschaftswahle gewonnen huet. Anerer – souguer soss „fortschrëttlech“ agestallte Leit – sinn einfach frou, datt d’Hillary Clinton verluer huet, well se am Trump eng Aart Hoffnung op en dauerhafte Fridde mat Russland gesinn. A wéi ëmmer sinn d’Realitéiten dohannert méi komplizéiert ewéi mir dat gären hätten.

D’Wielerschaft an d’Versoe vun der Demokratescher Partei

Wann een d’Fro nom Wisou eeschthaft beäntwerte wëll, muss ee sech fir d’Éischt emol d’Wielerschaft vum Donald Trump ukucken. Vill Clinton-Ënnerstëtzer ware ganz vir mat dobäi fir dem Trump seng Victoire der veraarmter Aarbechterschaft zouzeschreiwen. Tatsächlech awer huet hie bei deem Deel vun der Populatioun, dee manner wéi 30.000 Dollar am Joer verdéngt, just 41% geholl – während d’Hillary Clinton do eng 53% geholl huet. Wann een d’Wielerschaft no Akommes analyséiert, stellt sech eraus, datt den Donald Trump am beschten ofgeschnidden huet bei Leit am Beräich vun 50.000-99.999 Dollar Joeresakommes. Der wäisser amerikanescher Mëttelschicht. Dat weist sech och besonnesch däitlech, wann een de Vote ethnesch opschlësselt: Just bei wäissen US-Amerikaner konnt hien eng däitlech Majoritéit vun 58% assuréieren. Bei net-wäisse Wieler konnt hien net méi ewéi 21% vum Vote fir sech sécheren. Och Fraen hu just 42% Trump gewielt.

Et ass de Vote vun enger frustréierter Mëttelschicht, déi fäert, eppes ewechgeholl ze kréien. Sou wäit, esou gutt. Et ass awer net wierklech einfach e Vote „géint den Establishment“. Dorop weisen – bei den nämmlechten Exit Polls ewéi weider uewen – d’Äntwerten op d’Fro no politesche Prioritéiten an no politescher Astellung hin: Vun deenen, déi ondokumentéiert Immigranten deportéiert gesi wëllen (déi Astellung hu 25% vun de Befrote verbueden), hu 84% Trump gewielt. Vun de Befroten, déi eng Mauer un der Grenz zu Mexiko baue wollten (41% vun de Befroten), hu 86% Trump gewielt. An och bei deenen, fir déi Immigratioun (13%) oder Terrorismus (18%) de wichtegste Sujet an der US-amerikanescher Politik sinn, huet den Donald Trump jeeweils 64% a 57% vun de Stëmme kritt – déijéineg, déi Aussepolitik (13%) oder d’Economie (52%) fir déi wichtegst Sujete gehalen hunn, hu just zu 34% an 42% Trump gewielt. 48% vun de Befroten hu fonnt, datt den zukünftege President méi konservativ misst sinn ewéi den Obama – an dovun hunn 83% Trump gewielt.

De Problem ass bei der Trump-Wielerschaft net (just) Aarmut oder e Ressentiment géint deen Establishment, vun deem den Trump schonn ëmmer en Deel war. Dës US-Presidentschaftswahl weist och, wéi déif verwuerzelt Rassismus, Nationalismus an autoritär Tendenzen nach sinn. Kombinéiert een dat dann och nach mat enger weider gesonkener Wielerparticipatioun – wat an der Regel an de veraarmten an ausgegrenzte Communautéiten méi e staark ausgepräägte Phänomen ass – dann ass dat e fonntent Friesse fir en ultra-räichen Demagog ewéi den Donald Trump.

Genee doru moosst sech elo awer och d’Totalversoe vun der Demokratescher Partei vis à vis vun der grousser Mass vun de Leit. Mat joerelaanger Ënnerstëtzung vu Sozialofbau, drastesche Spuerprogrammer, Fräihandelsverträg a militärescher Oprëschtung sinn d’Demokraten op engem Punkt ukomm, wou se fir vill Leit keng Alternativ duerstellen, déi et wäert wier, den (zimlech ëmständlechen) Wee an d’Wahlkabinn ze goen. An dann triede si och nach mat enger Persoun un, déi déif am politeschen Establishment verankert ass a just wéineg sozial Verbesserunge fir d’Populatioun ze bidden huet, wann iwwerhaapt. Den Demokratesche Wahlkampf war nämlech an éischter Linn dovu gepräägt, géint den Trump ze sinn – ouni ze vill konkret Moossnamen ze nennen, déi eng Clinton-Administratioun duerchzéie wéilt fir Aarmut an Ongläichheet ze miniméieren.

Den Trump als Friddensstëfter?

Nieft deenen, déi de Phänomen Trump op eng frustréiert Aarbechterschaft reduzéiere wëllen an deenen, déi den déif verankerten amerikanesche Rassismus klengschwätzen, gëtt et awer och Leit, déi sech am fortschrëttleche Spektrum vun der Politik beweegen an awer der Meenung sinn, den Donald Trump wier a Wierklechkeet e geréngt Iwwel par rapport zum Hillary Clinton.

Et ass sécher kee Geheimnis, datt d’Hillary Clinton eng aussepolitesch Hardlinerin ass a militäresch Interventiounen – souwuel Buedemkricher wéi Dronenattacken – fir e legitimt Mëttel vun der Politik hält an och op Konfrontatiounskurs mat Russland ass, bis hin zur Méiglechkeet vun engem neie Kale Krich. Datt den Donald Trump awer e Friddenspresident wier, ass eng Illusioun. Kann een eeschthaft domat rechnen, datt e President, dee Waterboarding nach ze harmlos fënnt a fir d’Terrormiliz Islamesche Staat ze bekämpfen e séiert Afale vun den USA a Syrien an am Irak virschléit.

Well, four years ago, I said, bomb the oil and take the oil. And if we did that, they wouldn’t have the wealth they have right now.

Net just wéilt hien also d’Arméi an d’Konfliktzon schécken, mä et zousätzlech och nach amerikaneschen Uelegfirmaen erliichteren, d’Ressourcen do auszebeuten. Awer och de Fait, datt hien ugekënnegt huet, dat amerikanescht Militär nach weider ze stäerken, misst bei de Friddens-Trumpisten am Fong d’Klacke laude loossen:

I’m the most militaristic person on your show. I want to have a much stronger military. I want it to be so strong that nobody is going to mess with us.

Oft gëtt weider argumentéiert, hie géing dofir awer op mannst d’Relatioune mat Russland normaliséieren, vu datt hie frou ze si schéngt mam Vladimir Putin. Dozou gëtt et awer och skeptesch Stëmmen: Och wann de Putin gäre Politiker a Parteien an europäesche Länner ënnerstëtzt, déi him positiv géigeniwwerstinn, a vläit déi eng oder aner Hoffnung an d’Trump-Presidentschaft setzt, bleift hie wahrscheinlech opgrond vun Erfahrunge mam Barack Obama an dem George W. Bush skeptesch an (bis op seng Gléckwënsch un hien, déi awer och aner Staats- a Regierungschefs him zoukomme gelooss hunn) zeréckhalend. Si hunn allen zwee verbessert Relatiounen zu Russland versprach – sinn awer ënner anerem opgrond vun der NATO-Ostexpansioun doru gescheitert. An datt e President, deem seng Aussepolitik ganz dorop baséiert, „tough“ ze sinn oder ze schéngen, ausgerechent mat Russland gutt Relatiounen opbaue kéint, ass dach éischter onwahrscheinlech.

Wat elo?

D’Wahl vum Donald Trump zum President vun den USA – nach dobäi zu enger Zäit, wou d’Republikaner souwuel Senat wéi Representantenhaus dominéieren – ass eng fuerchtbar Noriicht fir ethnesch Minoritéiten, Fraen, aarm a schaffend Leit, Schwuler, Lesben an Transpersounen. Net just wéinst de potenzielle Reformen, déi hien duerchzéie wëll, mä och well vill Leit sech encouragéiert fillen, hirem Haass fräie Laf ze loossen an eben dës Populatiounsgruppen ze attackéieren.

Wéi an all Kris kann déi amerikanesch Gauche et awer och als Chance notzen, fir sech ze organiséieren an e Mouvement ze lancéieren, dee sech hannert all déi Ënnerdréckten an Ausgegrenzte stellt, sech géint de Rietsruck an den USA wiert a wäit iwwert déi defensiv Haltung vun zentristeschen Demokrate wéi dem Hillary Clinton erausweist. Dem Bernie Sanders seng Kandidatur bei de Virwahle war jiddefalls en éischte Schrëtt an déi richteg Richtung. Elo geet et dorëms, dorop konkret opzebauen an e soziaalt Bewosstsinn ze schafen als Grondlag vun enger Widderstandsbeweegung géint den neoliberalen an imperialistesche Konsens an den zwou groussen US-amerikanesche Parteien a géint Rassismus, Fraefeindlechkeet an Homophobie.