D’LSAP, CETA an den Artikel 12

A wat geschitt elo mat de „Lénkssozialisten“?

Fir de 4. Oktober hat d’LSAP en ausseruerdentleche Kongress fir zu deem ëmstriddene Fräihandelsofkommes vun der EU mat Kanada, CETA, Stellung ze bezéien. Schon eng Zäit laang huet et rumouert an der Partei a wéinst der liberaler Linn vun der LSAP huet sech iergendwann eng Grupp Leit zesummefonnt, déi d’Lénkssozialisten, eng Aart ënnerparteilech Lénksoppositioun, gegrënnt hunn.

Si si besonnesch oppen ëmgaange mat hirer Oppositioun zu CETA an hu sech, zesumme mat de Jonksozialisten, vehement géint de Fräihandelsaccord gestallt. Nodeems „eise Jang“, wéi net esou kritesch LSAP-Memberen de Jean Asselborn gären nennen, zesumme mam Etienne „Ee vun eis“ Schneider e Luef op fräit Kapital gesongen huet an de Claude Haagen d’Existenz vun de Lénkssozialiste bestridden huet, koum et dunn zum Vote.

Et dierft, schonn elleng wann ee bedenkt, datt déi Delegéiert bei all deem applaudéiert hunn, kee wonneren, datt de Kongress fir de CETA gestëmmt huet. Mat e puer „Konditiounen“, wéi d’CETA-Enthusiasten aus der LSAP net midd ginn, ze betounen. Déi Konditioune bezéie sech an éischter Linn op déi sougenannten Zousazprotokoller, déi gewësse sozial Garantië solle ginn.

Greenpeace ass do relativ kloer: D’Zousazprotokoller hu juristesch de Wäert vun enger Vakanzebroschüre a ginn domat glat a guer keng Garantien. Awer och d’Ofschafe vun de Schiedsgeriichter ass keen Thema fir d’LSAP: Déi eenzeg Konditiounen, déi nach genannt ginn an hirer Resolutioun, sinn déi, datt national Parlamenter ofstëmmen duerfen iwwer verschidden Aspekter.

D’Lénkssozialisten an d’Jonksozialiste bleiwen awer standhaft a ruffe weiderhin dozou op, sech géint CETA z’engagéieren a souwuel CETA wéi TTIP ze verhënneren. Dat ass awer net bei jiddwer LSAP-Member esou gäre gesinn. Ganz am Géigendeel. Vertrieder vum LSAP-Parteiapparat maache sech schonn un, Vertrieder vu Lénks- a Jonksozialiste méi oder manner eendeiteg drop opmierksam ze maachen, datt si an der Partei net méi erwënscht kéinte sinn.

Tatsächlech sinn d’LSAP-Statuten net esou frou mat parteiinterner Kritik, déi no baussen trëtt. A sou kréie si och direkt den Artikel 12 vun deene Statuten un de Kapp geheit:

„Die Beschlüsse der Parteiorgane werden nach demokratischen Gepflogenheiten mehrheitlich gefasst. Sie verpflichten alle Parteimitglieder. Das Recht auf parteiinterne Kritik ist eine Selbstverständlichkeit, doch dürfen öffentliche Stellungnahmen nicht gegen die geltenden Beschlüsse oder die Parteiorgane gerichtet werden.“

Awer och de Verweis op Artikel 70 ass beléift beim Kritiker-Bashing:

„Ein  Disziplinarverfahren  kann  eingeleitet  und durchgeführt  werden  gegen  Mitglieder  welche sich:

  • einer ehrlosen Handlung schuldig gemacht haben;
  • gegen die  Grundsätze, das Programm  und das Organisationsstatut der Partei verstoßen haben;
  • den Richtlinien und Beschlüssen der Parteiorgane zuwider handeln;
  • durch ihr Verhalten die Interessen der Partei schädigen.“

Et brauch een net wäit sichen ze goen, fir ze realiséieren, datt dat eng Menace ass, datt d’CETA-Kritiker aus der Partei ausgeschloss kéinte ginn, wa se hir Kritik net fir sech halen.

An no de Statute vun der LSAP ze uerteelen, hunn déijéineg, déi de Lénks- a Jonksozialisten dreeën, och nach Recht. Wann d’Parteispëtzt dat wëll, da ka si en entspriechend Verfahren effektiv areechen.

D’Fro ass just, ob si zur Erkenntnis kënnt, datt esou e Purge eppes brénge géing bei der endgülteger Etabléierung vun der liberaler Linn vun der Schneider-LSAP – oder vläicht awer d’Iwwerzeegung vertrëtt, datt e puer Alibi-Kritiker innerhalb vun der Partei awer nach als Figeblat fungéiere kéinte fir de Rescht vun hirem Image als dat „soziaalt Gewësse“ vun der DP-dominéierter Regierung oprechterhalen ze kënnen.