„Fir Finanzplaz a Pappeland!“

Eng Geschicht vu verletztem Nationalstolz a vum Steierparadäis op Äerden.

De rietsnationale Mob empört sech nees an de sozialen Netzwierker – Jonk Lénk huet sech dach tatsächlech getraut, fir Nationalfeierdag gewinnt provokativ ze ruffen:

Féck de Grand-Duc! Féck Lëtzebuerg! Féck de Kapitalismus!

Et ass ee schockéiert. Leit fille sech an hirer Lëtzebuergeschkeet beleidegt. Monarchie, Nationalstaat, Kapitalismus, dat ass dach d’Fundament vun der lëtzebuergescher Utopie tëscht Musel an Uelzecht. Wéi kënnen déi jonk Leit et elo woen, dat och nach a Fro ze stellen?!

Sécher, muncheree mengt vläicht, et géing guer net dorëms goen, deene Jonken elo de Mond ze verbidden, well gnädegerweis géing souguer munche Rietsnationalen nach eng „respektvoll formuléiert“ Kritik un der Monarchie zouloossen – esou zumindest behaapt dat de Fred Keup am Numm vu sengem Anti-Immigratiouns-Veräin Wee2050/Nee2015. Fir erauszefannen, datt dat net esou ass, muss ee sech just emol d’Kommentarspalte vun de Chefempörten ënnert de Rietsnationalen ukucken. Beim ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser z.B. fanne sech an de Kommentarer ganz oppe Gewaltfantasië géint Kritiker vum Hurrapatriotismus, deen eis all Joer virgefouert gëtt:

Datt esou Ongeheierlechkeeten no bal engem ganzen Dag nach do stinn – an dat och nach ganz ouni Empörung iwwert déi Verherrlechung vu Gewalt! – schwätzt am Fong fir sech. Déi „absolut Meenungsfräiheet“, wéi Kartheiser a Co. se propagéieren, bedeit wuel och, Leit mam Doud menacéieren ze kënnen, wann déi vun hirem eegene Recht op fräi Meenungsäusserung Gebrauch maachen an dat net konform geet mam eegenen nationalistesche Weltbild. Och huet nach keen de Fernand Kartheiser dozou opgefuerdert, sech dovun ze distanzéieren – während déi Lénk (déi keen Afloss op déi intern Ugeleeënheete vu Jonk Lénk hunn) stänneg dozou opgeruff ginn, sech vu Jonk Lénk ze distanzéieren, bzw. „d’Jugend an de Grëff ze kréien“. Wéi gewinnt also gëtt déi national Gefillsduselei also nach mat enger Riseportioun Jugendfeindlechkeet getoppt.

De Joe Thein, Virsëtzende vun der rietsnationaler Splitterpartei déi Konservativ an angebleche Vertrieder vun der „absoluter Meenungsfräiheet“, schléisst sech dem rietse Mob un a fuerdert d’Sträiche vun alle méigleche staatleche Subventioune fir Jugendorganisatiounen, déi dem Grand-Duc net stramm genuch salutéieren:

Als Politiker fuerderen ech, datt d’Partei déi Lénk, déi mat Eed op Verfassung a Grand-Duc am Lëtzebuerger Parlament siègéiert (sic), sech vun dëse lénksextremistesche Parolen distanzéiert a se veruertdeelt (sic), d’Parteijugend (sic) hir Excuse presentéiert, an d’Politik d’Konsequenzen an d’Weeër leet, déi fir dës Jugendorganisatioun bedeiten, datt si vun de staatleche Subsiden ausgeschloss gëtt.

Déi liberal-national Querfront fir Pappeland a Finanzplaz.

Awer net just rietskonservativ Nationalromantiker reege sech op eng irrational Aart a Weis op iwwert „d’Beleidegung“ vum Pappeland. Och an der DP an an der CSV si Politiker empört. Et dierft just eng Fro vun der Zäit si bis deen éischte gréngen oder LSAP-Politiker sech zum Sujet äussert a sengem Entsetze fräie Laf léisst. Schliisslech geet et hei net einfach just ëm national Gefiller – et geet ëm d’Finanzplaz, Standuertlogik a Steierkonkurrenz, oder einfach gesot: de Lëtzebuerger Modell.

Wat nämlech bei där ganzer Polemik ënnergeet, ass den eigentleche Message. „Féck Lëtzebuerg“ ass den Ausdrock vun enger berechtegter Roserei iwwer genee dee Lëtzebuerger Modell. D’Natioun – an am besonnesche Mooss d’Lëtzebuerger Natioun – ass déif verbonne mam jeeweilegen ekonomesche Modell. De sougenannten Nationbranding ass e gutt Beispill fir deen ekonomesch orientéierten Nationalismus. Dobäi handelt et sech ëm eng Initiativ vun der Regierung fir Lëtzebuerg als Wirtschaftsstanduert no baussen ze verkafen. Wuelgemierkt an alleréischter Linn fir d’Finanzindustrie.

Grad a Froe vu Finanzindustrie weist sech awer och den nationale Konsens, deen de Lëtzebuerger Modell ausmécht: An der Chamber wielen d’Regierungsparteien an d’Oppositiounsparteien ADR an CSV ëmmer en faveur vun der Finanzplaz Lëtzebuerg a verdeedegen d’Steierparadäis fir Ultraräicher och – trotz pro-europäescher Rhetorik – géint Regulatiounsbestriewungen duerch d’Europäesch Unioun. Do fanne Rietsaussen an déi „politesch Mëtt“ zesummen. Entspriechend ass et och net verwonnerlech, datt se sech zesummen op alles aschéissen, wat déi onuntaaschtbar – vun de „Big 4“ Beroderfirmae gesponsert – allerhellegst Natioun an hiren adelege Representant ugräift.

Nieft der ekonomescher Argumentatioun geet et awer och ëm Demokratie an Ausgrenzung – an dat ganz besonnesch am lëtzebuergesche Kontext. Sécher, Lëtzebuerg ass e Land vu ville Kulturen a mir probéieren, dat och esou no baussen ze droen. Gläichzäiteg hunn Auslänner zu Lëtzebuerg mat ville Barrièren ze kämpfen. Sou ass den Aarmutstaux besonnesch bei Portugisen an Net-EU-Auslänner wesentlech méi héich ewéi bei Lëtzebuerger – a wéi wann dat net schlëmm genuch wier, duerfe grad déi Leit dann nach net emol wielen, an dat just opgrond vu falsch verstanenem nationalen Houfer.

Roserei ass e Geschenk.

A wisou soll een do net duerfe rose ginn a sech och mol méi däitlech artikuléieren? Wisou soll ausgerechent déi Generatioun, déi elo d’Logementspolitik vun deene leschte Joerzéngten ausbueden duerf an deelweis d’Halschent vun hirer mickreger Pai muss fir Loyer dropginn, net rose sinn a méi calme, méi „besonne“ reagéieren? Wisou sollen déi Leit, déi sech asetze fir Flüchtlingen, déi dann awer an onsécher Länner zeréck deportéiert ginn, „frou“ si mat genee där Natioun? Wisou solle mir net rose sinn doriwwer, datt Lëtzebuerg sech beräichert op Käschte vun anere Länner an trotzdem nach vun engem grousse „pro-europäesche Konsens“ geschwat gëtt? Wisou solle mir net rose sinn doriwwer, datt Leit, déi hei zanter Jore schaffen a wunnen, trotzdeem net mat wielen duerfen?

A v.a.: Wisou solle jonk Leit net rosen doriwwer duerfe sinn, datt se konsequent net seriö geholl ginn an am politesche Prozess allerhéchstens emol benotzt gi fir datt déijéineg, déi un der Muecht sinn, sech e wéineg mat der „Dynamik“ vun der Jugend inzenéiere kënnen?

Richtung 22 hat Recht.