Kee Grond, sech ze freeën

Wisou ech mech iwwert dem Emmanuel Macron  seng Victoire net freeë kann.

Wann a Frankräich gewielt gëtt, léisst dat och den Département des Forêts, pardon, Lëtzebuerg net kal. Et dierft kaum ee wonneren, datt sech vill gefreet gouf doriwwer, datt d’Marine Le Pen net gewielt gouf. An datt den Emmanuel Macron zum franséische President gewielt gouf. D’Demokratie huet géint de Faschismus gewonnen. Fräiheet géint Autoritéit.

Oder ass et vläicht awer net ganz esou einfach wéi et eis d’Macron-Frënn duerstelle wëllen?

Den „neie presidentielle Monarch“, wéi de Jean-Luc Mélenchon de Frëschgewielte spilleresch nennt, war schonn ënnert dem François Hollande als Wirtschaftsminister un der Regierung bedeelegt an huet do u Reforme geschafft, déi d’Dereguléierung an d’Liberaliséierung vun der Wirtschaft an den Aarbechtsverhältnisser zum Zil hat. An domat dem Front National de Wee fräigemaach hunn.

2016 huet hie sech decidéiert, säin eegene klenge Mouvement ze starten an natierlech duerf dobäi dann och den Usproch net feelen, de klassesche politesche Lénks-Riets-Spektrum ze „duerchbriechen“. Entpolitiséiert Politik ënnert dem Fändel vum éiwege Status Quo.

Liberalismus, Recht an Uerdnung.

Dem Macron säi Liberalismus verdréit sech net ëmmer ganz gutt mat der Demokratie. Esou huet hien z.B. wëlles, d’Zuel vun Deputéierten a Senateren am Numm vun der Efficacitéit ze reduzéieren, all Deputéierten an all Senater géing also nach méi Leit representéiere mussen ewéi bis elo. Vun enger Reduzéierung vum Rôle vum franséische President steet néierens eppes. Deem géigeniwwer steet dann e wéineg méi Participatioun op Gemengenniveau an e bësse Korruptiounsbekämpfung. E kloert Konzept gesäit awer anescht aus – a scho guer net féiert et ewech vun der presidentieller Monarchie vun der 5. Republik.

Dem Macron säin Autoritarismus léisst sech awer wuel am beschten u senger ënnerer Sécherheetspolitik illustréieren: Den Ausbau vu Militär, Police a Geheimdéngschter gehéiert zu sengem Programm grad ewéi d’Schafe vun zousätzlechen Dausende vu Prisongsplazen a Grenzsécherungseenheeten zur Ofwier vu Flüchtlingen. Hie bekennt sech a sengem Programm och entspriechend ganz kloer zur Expulsioun vu Flüchtlingen a fuerdert do méi séier Prozeduren. An huet och kee Problem domat, den Etat d’urgence weider um Lafen ze halen.

Kee „printemps francais“.

Natierlech huet d’Wahl vum Emmanuel Macron elo eng Faschistin als franséisch Presidentin verhënnert. Mat enger héijer Marge souguer, zumindest wann een d’votes blancs et nuls an d’Abstentiounen, déi op Rekordniveau louchen – an insgesamt de Score vum Marine Le Pen ëm méi wéi 10% getoppt hunn – ewechléisst.

Spéitstens elo awer musse mer eis der Persoun Macron ouni Illusioune stellen. Et gouf kee „printemps francais“, ewéi verschidden Enthusiaste scho fabuléiert hunn, an de Macron ass och, trotz Philosophieofschloss, kee Philosophepresident. Hien ass, nach méi wéi säi Virgänger, de President vum Etat d’urgence a vun de Patronen, vum Sozialofbau a vum europäesche „Weider sou!“ – hien hätt grad esou gutt vu Pulse of Europe kënnen nominéiert gi fir d’Presidentschaft. Hie gouf dohier och net aus Iwwerzeegung gewielt, mä aus Refus vum Nationalismus a Rassismus à la Le Pen. Den ehemolegen Investmentbanker géint d’Grenzen-zou-Rassistin.

A genau déi Attributer, déi hie representéiert, riskéieren net „just“ zur onmëttelbarer Verelendung vu grousse Populatiounsschichten an zum Harcèlement vun Aarmen a Migranten duerch d’Staatsmuecht ze féieren, mä, besonnesch wann d’Gauche et net packt, eng glafwierdeg Alternativ zu sengem neoliberale Programm ze presentéieren, och zu enger Le Pen-Presidentschaft am Joer 2022. Dann ass et awer vläicht schonn ze spéit fir d’Europatrioten, déi dem Macron mam bloe Fändelchen zouwénken, aus hire Feeler ze léieren.