Fir d’Kommunikatioun op dësem Blog op engem konstante, méiglechst gudden Niveau ze halen, stellen ech e puer Regelen op fir d’Kommentarer. All Kommentar gëtt fräigeschalt, soulaang en sech un dës sougenannten „Netiquette“ hält. Sollt ee sech dorun net halen, da gëtt de Kommentar ouni Virwarnung geläscht:
- Keng perséinlech Beleidegungen; et sollt an engem eenegermoossen respektvollen Toun diskutéiert ginn.
- Keng rassistesch, sexistesch oder soss wéi diskriminéierend Aussoen; dëse Blog ass kee Forum fir Hetztiraden. Där gëtt et der sou scho vill ze vill.
- Wie reng a Groussbuschtawe schreift, signaliséiert domat, datt en déi aner „ubläert“ a kënnt also aggressiv eriwwer. Sou Kommentarer gi grad esou direkt geläscht, onofhängeg vum Inhalt.
- Kee Spam, keng kommerziell Reklammen (d’Verlinkung vum eegene Blog oder vu weiderféierenden an/oder interessante Säiten ass natierlech erlaabt).
- Et duerf ee roueg anonym (also mat Pseudonym) kommentéieren. Net erlaabt ass et awer, engem anere seng Identitéit unzehuelen.